
D’Noriichteplattform Euractiv mellt elo de Grond fir dës Absence.
E Sonndeg den Owend konnt de Lufthansa-Vol vu Frankfurt op Luanda wéinst engem technesche Problem net starten.
Ënner anerem wéinst dem Nuetsvol-Verbuet wier den nächste Fluch réischt méi wéi 12 Stonne méi spéit gaangen.
De Luc Frieden wier eréischt an Angola ukomm, wéi de Sommet scho quasi eriwwer war. Dofir gouf d’Decisioun geholl, fir net ze fléien. Dat krute mer op Nofro hin am Staatsministère confirméiert.
Nieft dem Lëtzebuerger Regierungschef waren och d’Kaja Kallas, Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun an déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen betraff.
De finnesche Premierminister Petteri Orpo koum mat däitlechem Retard an Angola un.
De Grond fir déi technesch Pann war wéi et ausgesäit , datt de System, fir d’Annoncen am Fliger ze maachen, net gaangen ass.