
Den australesche Premierminister Scott Morrison huet en Dënschde matgedeelt, dass Australien een Ofkomme mat der pharmazeutescher Gesellschaft AstraZeneca huet déi, zesumme mat der Oxford University, an der drëtter a leschter Testphas vun hirem Impfstoff géint de Coronavirus ass.
An dëser Phas gëllt et erauszefannen, ob a wéi den Impfstoff um Mënsch wierkt. Soumat ass den Oxford-Impfstoff ee vu 5 Vaccinen, déi sech an dëser Phas befannen an hoffen, bis ausgangs des Joers eng effikass Impfung ze fannen. Obschonn et nach net kloer ass, wéi wierksam dës Impfstoffer sinn, goufe weltwäit em déi 5.7 Milliarden Dosisse bestallt.
Den Oxford-Vaccin ass ee vun deenen avancéiertsten a villverspriechendsten Impfstoffer op der Welt, sou de Morrison. Obschonn d’australescht Gouvernement weder de Präis nach d’lokal Fabrikatioun mat AstraZeneca festgesat huet, hu si lo schonn 100 Milliounen Nolen am Wäert vun Aus$25 Milliounen (ongeféier 15.1€ Mio.) vun der amerikanescher Medezingesellschaft Becton Dickinson bestallt. Duerch dës fréi Ofkommen hofft de Premier, kënne sou séier wéi méiglech ze handelen a plangt, de Vaccin fir 25 Milliounen Australier gratis unzebidden.
Niewent Australien hunn och d’USA, Europa a Brasilien Ofkomme mat AstraZeneca ënnerschriwwen.
