
"'D’Premierministesch Mette Frederiksen gouf e Freideg den Owend zu Kultorvet zu Kopenhagen vun engem Mann, deen direkt drop verhaft gouf, geschloen. D’Premier steet no dësem Tëschefall ënner Schock”, esou ass am Statement vun hirem Büro, deen awer keng weider Detailer gëtt, ze liesen.
Och déi national Police huet confirméiert, datt si matten a Kopenhagen attackéiert gi wier, gëtt awer och selwer net méi eraus, dat schreift d’BBC.
D’Attack kënnt zwee Deeg, éier d’Dänen, wéi och mir Lëtzebuerger, un d’Urn fir d’Europawalen trieden.