BrasilienPresident Lula annoncéiert Veto géint Verkierzung vum Ex-President Bolsonaro senger Prisongsstrof

AFP, iwwersat vun RTL
No der Zoustëmmung vum Parlament, huet de brasilianesche President Luiz Inácio Lula da Silva allerdéngs säi Veto annoncéiert.
© SERGIO LIMA/AFP

Et wier “kee Secret”, dass hie géint de Gesetzesentworf säi Veto aleeë wäert, soubal dësen op sengem Schreifdësch léich, sou de Lula en Donneschdeg viru Journalisten. Nom brasilianeschen Ënnerhaus huet elo och de Kongress fir eng Kierzung vum Ex-President Jair Bolsonaro senger Prisongsstrof gestëmmt.

“Ech hunn d’Recht, mäi Veto anzeleeën. An dann hu si (de Kongress) d’Recht, mäi Veto z’iwwerstëmmen oder och net. Dat ass den Oflaf”, sou de Lula weider, mat Bléck op de Kongress.

Nom Recht dat am Moment am Land gëllt, gouf erwaart, dass de Bolsonaro op d’mannst aacht Joer am Prisong seng Strof ofsëtze muss. De Senat huet e Mëttwoch allerdéngs mat 48 zu 25 Stëmmen fir e Projet de loi gestëmmt, duerch deen dem Bolsonaro seng Prisongsstrof vu 27 Joer, op just nach e wéineg méi wéi zwee Joer reduzéiert géif ginn.

Dat héchst Geriicht a Brasilien hat de rietsextreme fréiere Staatschef am September 2026 wéinst engem geplangten Coup zu ronn 27 Joer Prisong verurteelt. Hie gouf schëlleg gesprach, eng “kriminelle Organisatioun” geleet ze hunn, fir seng Wal-Néierlag am Joer 2022 géint säi lénke Nofollger Lula ze kippen. Am November eréischt ass den elo 70 Joer ale Bolsonaro seng Strof ugetrueden.

D’Reaktioun am Land huet net laang op sech waarde gelooss: E Sonndeg haten a Brasilien dausende Leit géint eng Reduktioun vu senger Prisongsstrof demonstréiert. Eleng zu Rio de Janeiro hu sech bal 19.000 Persoune versammelt. Op Protest-Plakater stoung “keng Amnestie” oder “Kongress, Feind vum Vollek”. Protester gouf et och zu São Paulo an an der Haaptstad Brasília.

Back to Top
CIM LOGO