PortugalPresident Marcelo Rebelo de Sousa um Méindegowend noutoperéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
De portugisesche President ass an d’Noutopnam vum Spidol São João zu Porto bruecht ginn.
© Afp

Hien hat e Bandscheiwevirfall an soll dofir operéiert ginn an och iwwer Nuecht am Spidol bleiwen.

Laut der Presidence hat hie sech schlecht gefillt, nodeems hie vu Begriefnisser zu Amarante zréckkoum a sollt virun der Heemrees nach medezinesch ënnersicht ginn.

De 77 Joer ale President gouf an de leschte Jore schonn e puermol op der nämmlechter Plaz an och um Häerz behandelt an operéiert.

Back to Top
CIM LOGO