Op dëse Plaquettë stinn u sech net just d’Nimm vun de 45 US-Presidenten, ma och, wat si zu Amtszäite geleescht hunn. Allerdéngs sinn d’Explikatioune méi wéi kontrovers. D’Texter, déi drop ze fanne sinn, erënneren un dem Trump seng polariséierend Social-Media-Beiträg: schaarf Kritik, perséinlech Attacken a bedenklech Behaaptungen. Op der eegener Gedenktafel feiert hie sech selwer als Meilesteen an der amerikanescher Geschicht. Zu sengen “onvergläichleche Succèse” géif zum Beispill déi historesch Victoire am Electoral College 2024 zielen, d’Instrumentaliséierung vun der Justiz. Och déi zwee Attentat-Versich op seng Persoun goufen ernimmt, sou wéi seng Äusserung vum “gëllenen Zäitalter vun Amerika” bei senger Amtsféierung an och, dass duerch hien “aacht Kricher a sengen éischten aacht Méint eriwwer sinn”.
Gedenktafele vum US-President Trump ginn et der forcement jo zwou, fir déi éischt Amtszäit vun 2017 bis 201 a fir déi aktuell. Et war ënnert den zwou Fotoen esou vill ervirzesträichen, dass zwou Plaquetten drënner néideg waren.
Am Verglach zum ville Luef u sech selwer, kommen déi aner US-Presidente manner gutt ewech. Besonnesch den Joe Biden. Hie krut nach net emol e Bild. Hie gëtt awer och als “de schlechtste President an der amerikanescher Geschicht” bezeechent, nieft de Virwërf iwwer aner “Katastrofe” wéi Inflatioun oder de chaotesche Réckzuch aus dem Afghanistan. Hien hätt souwisou déi “korruptste Wal an der US-Geschicht” gewonnen.
Kee gutt Wuert huet den Donald Trump fir e Barack Obama iwwreg. Hie wier net just eng “ëmstridde politesch Persoun”, och seng Gesondheetsreform “Obamacare”, mat deem hie kleng Entreprise futtigemaach hätt, an d’Paräisser Klimaofkommes waren déi gréisste Feeler a senger Amtszäit. Hie wier och responsabel fir dat grujelegt Iran-Atomofkommes. Besonnesch schaarf kritiséiert den Trump d’Verschwörungstheorien ëm den Obama, dass hie wéinst enger gefälschter Identitéit iwwerhaapt net hätt kënne President ginn, verbonne mat russesche Relatiounen, Rumeuren, déi vu Russland gefërdert goufen, fir déi et awer et keng Beweiser ginn.
Ma souguer de Bill Clinton kënnt schlecht ewech. Nieft engem kuerz a knappe Réckbléck ass nämlech och d’Néierlag vu senger Fra Hillary Clinton bei der Wal 2016 géint den Trump vermierkt ginn.
D’Texter ënnert de Biller vun den US-Presidente polariséieren. Wéi et vun der Pressespriecherin Karoline Leavitt heescht, hätt den Trump vill Texter selwer verfaasst. Si huet et als “Hommage” beschriwwen u fréier Presidenten - gutt, schlecht an eben dotëscht. Et schéngt allerdéngs, wéi wann dësen Hommage eng gutt verpaakten Ofrechnung mat de politesche Géigner wier.