FairtradePrimm, fir der Corona-Kris entgéint ze wierken

RTL Lëtzebuerg
D'Fairtrade-Primm gëtt genotzt, fir Hygiènesproduiten oder Iesswueren ze kafen.
Reportage Fairtrade a Corona-Zäiten
D’Fairtrade Primm soll der Corona-Kris entgéint wierken.

Ob Banannen, Kaffi, Schockela oder och nach Kleeder. All dës Produite komme meeschtens vu ganz wäit hier. Fairtrade setzt sech zanter Joerzéngten dofir an, dass d’Leit a Südamerika, Afrika an och an Asien fair Aarbechtsbedéngunge kréien. Grad elo wier et immens wichteg, verstäerkt d’Leit drop opmierksam ze maachen a se ze incitéieren, dës Produiten ze kafen an ze konsuméieren.

Well och an deene Länner ass de Covid-19 am Gaange ronderëm ze goen an dat mat fatale Suitten. Et feelt dacks un deem Néidegen. Vill Leit verléieren hir Aarbecht a musse reegelrecht drëm kämpfen, fir ze iwwerliewen. Fairtrade géing awer alles dofir maachen, fir dohannen ze hëllefen.

D’Fairtrade-Primm, duerch déi de Konsument ee klengen Deel um Produit méi bezilt, well dësen ënnert faire Konditioune gehandelt gouf, gëtt elo integral agesat, fir der Corona-Kris entgéint ze wierken. Engersäits ginn domadder Hygiènesproduite kaf, anerersäits gi Familljen, déi a Regioune wunne wou et kee soziale System gëtt, dee se opfänke kann, finanziell ënnerstëtzt.

Dofir wier et Fairtrade no sou wichteg wéi nach ni, fir Produite vun hinnen ze kafen. Dacks wier de Consommateur sech net bewosst vu wou d’Liewensmëttel, déi mer am Supermarché fannen, hierkommen.

Back to Top
CIM LOGO