BollenduerfProblemer mam Offall hannert der Grenz

RTL Lëtzebuerg
Den Dreckswon, deen eemol d’Woch Dreckskëscht virun der Dier eidel mécht, ass fir eis selbstverständlech.
Problemer mam Offall hannert der Grenz
Den Dreckswon, deen eemol d’Woch Dreckskëscht virun der Dier eidel mécht, ass fir eis selbstverständlech.

Klengt einfach, ass et an der däitscher Gemeng Bollenduerf direkt un der lëtzebuergescher Grenz awer net. D’Dreckskëscht rausstelle gëtt hei all Woch zu engem sportlechen Akt.
Bollenduerf ass een Duerf direkt déi aner Säit vun der Sauer. De Problem: D’Stroosse sinn immens géi. En normale Poubelleswon dierf hei wéinst engem “Accidentspreventiounsreglement” net eropfueren esou den Offallwirtschaftsverband vun der Regioun Tréier.

Soss goufen d’Dreckskëschte vun de betraffenen Awunner mat engem Unhänger bis op d’Plaz bruecht, wou de Camion se da matgeholl huet. Elo ass deen Unhänger awer futti an d’Leit mussen hir Dreckskëschte selwer de Bierg op an of rullen. Dat ass zemools fir déi Eeler eng kierperlech Erausfuerderung.

Das ist anstrengend, die ist jetzt halbvoll. Wenn die voll ist, ist es anstrengend”, sou eng eeler Koppel.

D’Gemeng hat eng Iwwergangsléisung fonnt, déi huet awer net laang ugehalen.

Wir haben einen Monat lang uns noch einen Anhänger ausgeliehen um zu überbrücken. Wir mussten dann zum 31. August die Kündigung aussprechen. Bis dahin mussten die Einwohner versuchen eigenständig eine Lösung zu finden.”, sou d’Buergermeeschtesch vu Bollendorf Silvia Hauer.

D’Bewunner sinn op sech gestalt, si fille sech am Stach gelooss.

Ich habe so einen Hals, so einen Hals habe ich. Das ganze regt mich extrem auf, weil die ganzen Behörden die Verantwortung immer weiterschieben.”

Eng Léisung ass net a Sicht. Et schenkt wéi wann d’Awunner nach eng Zäitchen hir Dreckskëschte schleefe mussen.

Back to Top
CIM LOGO