Acteur a "Fluch der Karibik"Profi-Surfer Tamayo Perry stierft bei Hai-Ugrëff op Hawaii

RTL Lëtzebuerg
Hie war Acteur, Surfer a Rettungsschwëmmer. Den Tamayo Perry ass e Sonndeg Affer vun enger déidlecher Hai-Attack ginn.
© AFP

Dat huet de brittesche Sender Sky News gemellt. Deemno gouf den Tamayo Perry leschte Sonndeg an der Géigend vu Goat Island op Hawaii wärend dem Surfe vun engem Hai ugegraff. Leit op der Plage hunn direkt de Rettungsdéngscht alarméiert. D’Secouristen hunn de Perry mat engem Jetski u Land bruecht, mee fir den 49 Joer ale Profi-Surfer sollt all Hëllef ze spéit kommen. Hie war op der Plaz dout.

Dem Tamayo Perry seng berufflech Karriär ass am Juli 2016 als Rettungsschwëmmer op Hawaii lassgaangen an hie war als legendäre Waassersportler héich ugesinn. Säin Doud wier en tragesche Verloscht, sou de Buergermeeschter vun Honolulu, de Rick Blangiardi. De Chef vun Ocean Safety huet erkläert, hie wier e ganz beléifte Rettungsschwëmmer gewiescht a war weltwäit als Surfer bekannt. Hie war donieft am véierten Deel vum Film “Fluch der Karibik” ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO