Zweete Fall dëst JoerProstituéiert bei Bitburg vu Freier ugegraff a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg gouf eng 23 Joer al Fra mat schroe Blessuren op engem Parking bei Bitburg (D) fonnt. De Parquet schwätzt vu versichtem Homicide.
© AFP

Géint 15 Auer hat ee bis ewell onbekannte Mann op dem Parkplaz Staffelstein un der L32 bei Fließem, net wäit vu Bitburg, eng jonk Prostituéiert ugegraff a schwéier blesséiert. Et ass net deen éischte Fall dëst Joer.

Wéi d’Tréierer Police mellt huet de Mann d’Prostituéiert e Sonndeg ugegraff, nodeem hien d’Servicer vum Affer an Usproch geholl hat. Kuerz Zäit drop huet en Zeien déi 23 Joer al Fra fonnt, vu sech a mat schwéiere Verletzungen. Den Zeien huet d’Affer direkt an d’Spidol bruecht. De Verdächtegen hat sech an Tëschenzäit mat engem onbekannte Gefier duerch d’Bascht gemaach. De Parquet stuuft d’Dot als versichten Homicide an.

D’Tréierer Police sicht an deem Fall elo dréngend no Zeien. De Verdächtegen gëtt esou beschriwwen:

  • 1,80 Meter grouss
  • opfälleg hellbrong bis blond Hoer, krauseleg a mëttel-laang
  • huet Russesch geschwat
  • Hat eng donkel Box un an eng schwaarz Wanterjackett

Wien e Sonndeg am Nomëtteg am Beräich vun dem Mitfahrerparkplatz Staffelstein war, a villäicht souguer de Verdächtege géint 15 Auer gesinn huet, gëtt gebieden, sech bei der Tréierer Police ze mellen (Polizeiinspektion Bitburg 0049 6561 96850, Kriminalpolizei Trier 0049 651 983-43390). Och Hiweiser zum Fluchtgefier ginn entgéint geholl. Der Police no geet een dervun aus, datt zum Moment vun der Dot eng Rei Leit net wäit vum Parking waren.

Änleche Fall schonn am Mäerz

En aneren Ugrëff op eng Prostituéiert bei Bitburg hat schonn am Mäerz fir Schlagzeile gesuergt. Och si war vun engem Freier ugegraff ginn. Den 59 Joer ale Mann wier mat hiren Déngschter net zefridde gewiescht an hätt si mat engem Messer menacéiert. D’Fra koum dervun, ma gouf blesséiert, wou si probéiert huet, dem Mann d’Messer aus dem Grapp ze huelen. De Verdächtege war schonn den Dag no der Dot festgeholl ginn. Hie gouf wéinst geféierlecher Kierperverletzung verurteelt a krut ee Joer an dräi Méint op Sursis.

Back to Top
CIM LOGO