BelarusProtestaktioune géint den autoritäre President Lukaschenko

RTL Lëtzebuerg
E puer Dausend Mënschen hunn op de Stroosse vu Minsk a Belarus op en Neits géint den autoritäre President Lukaschenko protestéiert.

D’Police ass mat Wasserwerfer géint d’Demonstrante virgaangen. Ausserdeem gouf de mobilen Internetzougang ageschränkt an U-Bahn-Statioune goufen zougemaach, wéi AFP-Reporter vun der Plaz mellen. Der Mënscherechtsorganisatioun Wiasna no sinn iwwer 120 Persoune festgeholl ginn. D’Oppositiounspolitikerin Swetlana Tichanowskaja, déi jo am Exil lieft, hofft op en Treffe mam nei gewielten US-President Joe Biden.

An der Vergaangenheet hat de Biden ugekënnegt, dass hien als President d’Sanktioune géint de Lukaschenko a seng Regierung ausbaue wéilt.

Fir d’Oppositioun a Belarus wieren d’USA e wichtegen Alliéierten. Schonn zanter genee 3 Méint ginn Dausende Mënschen a Belarus all Sonndes op d’Strooss a fuerderen de Récktrëtt vum President Lukaschenko. Si reprochéieren him bei deene leschte Walen Ugangs August Walbedruch. D’Police geet ëmmer nees mat Gewalt géint déi friddlech Demonstranten an Demonstrantinne vir.

Back to Top
CIM LOGO