
A grousse Stied wéi Florenz oder Barcelona gouf géint déi nei Restriktioune protestéiert. D’Demonstratioune sinn zu Barcelona a Gewalt ausgeaart. Wéi e Korrespondent vun AFP bericht, hätte Leit Géigestänn a Steng op d’Poliziste geworf a Poubellen a Brand gesat. Donieft koume Molotow-Cocktailer an den Asaz an an 2 Butteker gouf agebrach. Iwwer 10 Persoune goufe festgeholl. Den Informatioune vun der Police no wiere ronn 700 Mënsche bei de Protester dobäi gewiescht, 50 Demonstranten hätte sech un der Gewalt bedeelegt. Ronn 20 Beamte goufe bei den Ausernanersetzunge blesséiert.
Och zu Burgos huet d’Police missen intervenéieren. Demonstranten hu mat Fläschen a Steng op si geschoss, schreift “Diario de Burgos”.
Demonstréiert hunn d’Awunner géint d’Corona-Mesuren. Bal all spuenesch Regiounen hu wéinst der Pandemie hir Grenzen zougemaach, fir en neie Lockdown ze verhënneren. A Katalounien gëllen zanter Oktober nei Restriktiounen. Baren a Restauranten hunn hir Diere missen zoumaachen, wärend dem Weekend dierfen d’Awunner hir Dierfer a Stied net verloossen.
An der italienescher Stad Florenz goufen et an der Nuecht änlech Zenarien. Medieberichter no hätte sech eng 200 Leit am Zentrum vun der Renaissance-Stad versammelt. Sécherheetskamerae goufe vun den Demonstranten zerstéiert. Wéi a Spuenien hunn och si Molotow-Cocktailer, Fläschen a Steng op d’Police geworf a Poubellen ugefaangen. 20 Persoune goufe festgeholl.
