Finanzsträit an ArgentinienProvënz-Gouverneuren dreeë mat Stopp vun Energieliwwerungen

RTL Lëtzebuerg
Am Finanzsträit mam President Milei hunn eng Partie Provënz-Gouverneuren domat gedreet, d'Äerdgas- a Pëtrolsliwwerungen un de Rescht vum Land ze stoppen.
Den argentinesche President Javier Milei
Den argentinesche President Javier Milei
© Agustin Marcarian / Pool / AFP

“E Mëttwoch wäert net eng Drëps erausgoen, wann dir net ee fir alle Mol d’Provënze respektéiert an äre Fouss vun eisem Réck huelt”, huet et vum Gouverneur vun der südlecher Provënz Chubut, dem Ignacio Torres, e Samschdeg geheescht.

Ënnerstëtzt gëtt den Torres duerch 5 weider Gouverneuren aus de Regioune Patagonien, nämlech Tierra del Fuego, Santa Cruz, Río Negro, La Pampa an Neuquén. D’Regioun Patagonien ass bekannt fir hir Äerdgas- a Pëtrolfërderung.

Grond vum Sträit ass eng Decisioun vun der argentinescher Regierung déi méintlech Iwwerweisunge vun 13,5 Milliarde Pesos un d’Provënz Chubut ze stoppen. Grond dofir wier dem Wirtschaftsminister Caputo no net-bezuelt Scholde vun der Provënz géigeniwwer dem Staat anzesammelen. Och aner Provënze hätte Scholde beim Staat.

Den argentinesche President Javier Milei huet op der Plattform X d’Virgoe vun de Gouverneure kritiséiert a mat rechtleche Schrëtt gedreet. Den neie President fiert wéinst der schwéierer ekonomescher Kris am Land e strenge Spuercours.

Back to Top
CIM LOGO