
Am Joer 2021 gouf bei den Dréiaarbechte fir de Film “Rust” e Member vun der Crew erschoss. Den Hollywood-Schauspiller hat an enger Zeen eng Requisite-Waff op d’Kamerafra Halyna Hutchins geriicht, ier sech eng Kugel aus der Waff geléist an d’Fra déidlech getraff huet. Och d’Realisatrice vum Film gouf beim Virfall blesséiert.
Den Alec Baldwin seet, hien hätt net gewosst, datt d’Requisite-Waff geluede war, wéi hien den Ausléiser gedréckt huet. Vum Parquet gëtt dem Schauspiller virgeheit, hien hätt seng Geschicht zanter dem Virfall schonn e puermol geännert an hien hätt sech onverantwortlech beholl. Dem Schauspiller seng Affekoten hate probéiert, d’Plainte verwerfen ze loossen, ma ouni Succès.
En Dënschdeg gëtt mat der Selektioun vun der Jury fir de Prozess am US-Bundesstaat New Mexico ugefaangen, ier et dann e Mëttwoch eriwwer bei déi éischt Plaidoyere geet. De Prozess soll eng 10 Deeg daueren. Ufank dës Jores gouf schonn d’Fra, déi um Set fir d’Wafferequisiten zoustänneg war, vum nämmlechte Geriicht zu 18 Méint Prisong verurteelt.