No Faillite vum PaschaPuffen an Nordrhein-Westfalen an nërdlechen Bundeslänner dierfen nees opmaachen

RTL Lëtzebuerg
An Nordrhein-Westfalen an de Bundeslänner Hamburg, Bremen, Niedersachsen a Schlswig-Holstein dierfen d'Puffen nees hir Dieren opmaachen.

D’Oberverwaltungsgeriicht zu Münster huet en Dënschdeg d’Urgence de Prostitutiounsverbuet, dee wärend der Corona-Kris decidéiert gouf, nees gekippt. Déi 4 norddäitsch Länner hu sech op eng stufeweis Lockerung fir en Dënschdeg an enger Woch gëeenegt, fir Illegalitéiten ze verhënneren a eventuell Infektiounsrisiken ze reduzéieren.

Dass et net zu “grondleeënden Asymmetrien u Landesgrenze” kéim, wéilt een d’Mesuren zesummen ausféieren. Déngschtleeschtungen an enregistréierte Puffen oder déi iwwer Vermëttlungen arrangéiert goufen, dierfen duerchgefouert ginn, wann ee sech u bestëmmten Hygiène-Mesuren, souwéi en Alkoholverbuet hält an ee Mondschutz unhuet. Weider verbuede bleift iwwerdeems d’Prostitutioun a Gefierer an op entspriechenden Evenementer.

Lescht Woch hat jo de Mega-Puff “Pascha” offiziell Faillite deklaréiert.

RTL-NEWS: De Kölner Mega-Puff “Pascha” ass faillite

Back to Top
CIM LOGO