
D’Rafah-Grenz tëscht Ägypten a Palästina wäert viraussiichtlech e Sonndeg nees opgoen, dat fir déi éischte Kéier zanter dem Oktober 2023, wou jo den Israel-Palästina-Konflikt ugefaangen hat.
An enger éischter Phas wäert d’Grenz just fir Palestinenser op sinn. De Grenziwwergang zu Rafah gëllt als wichtegst Grenz fir Palestina: Et ass déi eenzeg Grenz an der Gazasträif, déi net an Israel féiert. Israel wäert allerdéngs weiderhin de Grenziwwergang zu Rafah op Palestinensescher Säit kontrolléieren.