Oxfam-RapportRäich Länner séchere sech gréissten Undeel u Corona-Vaccinen

RTL Lëtzebuerg
Eng Partie räich Natiounen, déi zesumme just 13% vun der Weltbevëlkerung ausmaachen, hu sech Oxfam no iwwer d'Hallschecht vun den Dose geséchert.

D’Produktiounskapazitéit vu 5 potentiellen Impfstoffkandidante gouf op 5,9 Milliarden Dose gerechent. Dëst géing duergoen, fir 3 Milliarde Mënschen z’immuniséieren. Déi meescht vun dësen Impfstoffer wäerte warscheinlech en zweete Vaccin erfuerderen.

Aus dem Rapport geet ervir, dass d’Hiersteller AstraZeneca, Gamaley/Sputznik, Moderna, Pfizer a Sinovac der Liwwerung vu 5,3 Milliarden Dose schonn zougesot hunn. 2,7 Milliarden dovu géingen un héichentwéckelt Länner oder Gruppe vu Staate verkaaft ginn, dorënner d’USA, d’EU, Australien, Schwäiz a Groussbritannien. Déi aner ronn 2,6 Milliarden Dose goufe Länner wéi Brasilien, Indien, Mexiko a China versprach.

Eng Verdeelung, déi de Robert Silverman vun Oxfam America kritiséiert: “Den Zougang zu engem liewesnoutwennege Vaccin sollt net dovun ofhänken, wou ee lieft oder wéi vill Geld een huet”. Et wier wichteg, dass en effektiven Impfstoff entwéckelt a zougelooss gëtt, ma genausou wichteg wier et awer, dass e fir jidderee zougänglech an erschwénglech wier, heescht et weider.

Aus deem Grond fuerderen Oxfam an aner Hëllefsorganisatiounen e “Volleksimpfstoff”, dee gratis ass an op Grondlag vum Bedarf soll verdeelt ginn. Dowéinst wier et awer néideg, dass d’Pharmaentreprisen hir Erkenntnisser patentfräi géingen zur Verfügung stellen, amplaz “hir Monopoler ze schützen an un deen ze verkafen, deen am meeschte bitt”, sou nach de Robert Silverman.

Back to Top
CIM LOGO