DäitschlandRecolte vu Spargelen an Äerdbieren manner gutt wéinst Pandemie

RTL Lëtzebuerg
Dat läit dorunner, dass manner Aarbechter aus dem Ausland konnten hëllefe kommen. D'Gesamtrecolte soll bis zu 19% manner héich si wéi d'lescht Joer.

Bei de Spargelen huet sech de Manktem am meeschte spiere gelooss. Déi lescht 6 Jore louch d’Moyenne bei 123.700 Tonne Spargelen, géintiwwer just 106.400 Tonnen dëst Joer. Dat si 14 Prozent manner.

Däitschland bleift un der Spëtzepositioun europawäit wat Spargelen ugeet, mat 41 Prozent vun de recoltéierte Spargelen.

Wat Äerdbieren ugeet, solle mat 99.000 Tonne ronn 13 Prozent manner recoltéiert gi wéi d’lescht Joer.

Vun de Bundeslänner läit Niedersachsen vir bei der Produktioun. Ganzer 26.600 Tonne Spargelen a 25.400 Tonnen Äerdbiere sollen aus dësem Bundesland kommen.

Lëtzebuerger Spargelen: Eng Saison op Hallef-Touren (26.4.2020)

Back to Top
CIM LOGO