Eng Saison op Hallef-Touren
Zanter 2008 zillt d'Famill Hoffmann Spargelen, uewenaus op der Kopp iwwert dem Uelzechtdall.
Eng Produktioun, déi an normale Joren zum géisten Deel vun engem grousse Lëtzebuerger Grossiste opkaaft gëtt. Dëst Joer ass besonnesch. Gestach gëtt den Ament just op der Hallschent vun de ronn 8,5 Hektar. D'Produktioun läit domat ëm déi 450 Kilo den Dag.
"D'Restauratioun, d'Kantinne, grouss Betriber, déi hir eege Kantin bedreiwen, d'Schoule sinn zou. Et ass nach ëmmer deen Ofsaz, dee feelt ", sou den Yves Hoffmann, e jonke Bauer an der drëtter Generatioun.
Den Impakt vun der Corona-Kris wäert den 24. Juni, wann op Johannisdag Bilan gezunn gëtt, däitlech ze spieren sinn. An awer. Well een Ament waren ganz däischter Wolleken iwwer d'Spargelfelder gezunn, wéi d'Nouvelle aus Polen koum, d'Saisonsaarbechter wieren weist der Pandemie doheem blockéiert. Den Yves Hoffmann huet SOS gefunkt. An de Message koum un. Déi éischt zwou Woche vun der Rekolt hu méi Fräiwëlleger, wéi erwaart, de Relais iwwerholl, fir déi kierperlech schwéier Aarbecht ze maachen. En Elan u Solidaritéit, fir deen de jonke Bauer net oft genuch Merci soe kann.
"Dem fläissege Fiissche vu Steesel, déi eis 4 Leit déi ganz Zäit zur Verfügung gestallt hunn. Dann de Service Club 51 aus dem Éislek. Déi stounge permanent mat ronn 10 Mann zur Verfügung. D'Woch iwwer Studenten, Privatleit, déi eis och gehollef hunn. An de Weekend Famille a Frënn."
E leschten Donneschdeg koum d'Erléisung. Polen huet d'Grenzen nees opgemaach. E leschte Corona-Test a scho souzen d'Saisonsaarbechter am Auto, Direktioun Lëtzebuerg.
"Wat just méiglech war mat den néidege Pabeieren. Vun eiser Säit en Aarbechtsvertrag an och e Pendler-Ausweis. Dat mer se aus Polen eraus krit hunn."
Jidderengem steet säin Aarbechtsmaterial, Händschen an Desinfektiounsmëttel zur Verfügung. Fir de Rescht spillt beim Spargelstierchen d'Natur mat.
"Hei uewe si mer an der fräier Loft. D'Aarbechter hunn all eng minimum Distanz vun zwee Meter, déi se anhalen. Eleng schonn, well eis Reien op zwee Meter geplanzt sinn. Wann d'Aarbechter an der Rei schaffen, schaffe se ni an enger Ligne. Dat heescht, se schaffe verdeelt."
3 Méint bleiwen déi fläisseg Hänn aus Polen elo um Haff. Well no de Spargele geet et eriwwer an d'Äerdbier. Éischt Käre wuessen schonn an den Zären. D'Eisekuche fir derbäi mussen dëst Joer selwer gebak ginn.