
No zweeanenhalleft Joer Militärregierung hunn d’Mënschen am Tschad e Sonndeg an engem Referendum iwwer eng nei Verfassung ofgestëmmt, duerch déi d’Land zu engem “eenheetlechen an dezentralen” Staat soll ginn. All Stëmm wier e “weidere Schrëtt a Richtung Stabilitéit a Wuelstand fir eist Land”, sot den Iwwergangspresident Mahamat Idriss Déby, dee vum Militär agesat gouf.
Iwwer 8,3 Millioune vun den am Ganzen 18 Milliounen Awunner waren opgeruff, hir Stëmm ofzeginn. E virleefegt Resultat gëtt de 24. Dezember erwaart.
D’Partisane vun der neier Verfassung argumentéieren, datt en Zentralstaat déi eenzeg Méiglechkeet wier, d’Unitéit vum Tschad ze garantéieren, wärend de Federalismus “Separatismus” a “Chaos” fërdere géing. An der neier geplangter Verfassung konzentréiert sech d’Muecht beim Staatschef.
E groussen Deel vun der Oppositioun an der Zivilgesellschaft huet dogéint am Virfeld zu engem Boykott vun der Ofstëmmung opgeruff. Si sinn der Meenung, datt e positiivt Resultat de Wee fir eng Wal vum aktuellen Iwwergangschef zum Staatschef opmécht an domat zu enger Fortsetzung vun enger “Dynastie” féiert, déi mam Déby sengem Papp virun iwwer 30 Joer ugefaangen huet.
Mat enger neier Verfassung soll dat zentralafrikanescht Land der Militärregierung no zu engem “eenheetlechen an dezentrale” Staat ginn.