
Déi griichesch Regierung huet op en Neits Aschränkunge fir eng Partie Vakanzeregiounen a Stied decidéiert. Donieft gouf déi traditionell Foire vun Thessaloniki (5. - 13. September) ofgesot.
Nodeems e Sonndeg iwwer 200 confirméiert Corona-Fäll gemellt goufen, mussen alleguer d’Tavernen, d’Baren an d’Diskoen a ville Regioune vum Land, dorënner Kreta, Santorini, Mykonos a villen anere bekannte Vakanzeregioune spéitstens um Mëtternuecht hir Dieren zoumaachen. Dës Moossname gëllen elo emol bis den 23. August, sou eng Regierungsspriecherin zu Athen.
Donieft mussen alleguer d’Leit, déi iwwert eng Grenz areesen, vum 17. August un een negative Corona-Test virweisen, egal aus wéi engem Land d’Leit kommen. Den Test däerf net méi al wéi 72 Stonne sinn.
Griicheland huet gemooss u senger Bevëlkerung vu gutt 10,5 Milliounen Awunner bis ewell relativ kleng Zuele vun Infektiounen. An de leschten Deeg ass d’Zuel vun Infizéierten awer staark an d’Luucht gaangen.
