Ëmstridde Walen am BangladeschRegierungscheffin séchert sech fënneft Amtszäit

RTL Lëtzebuerg
D'Walkommissioun huet e Méindeg d'Resultat offiziell confirméiert. Déi aktuell Regierungspartei Awami-League hätt 223 vun den 300 Sëtz am Parlament kritt.
© AFP

D’Oppositioun awer hat d’Walen op ville Plaze boykottéiert, dowéinst louch d’Walbedeelegung och just bei ronn 41,8 Prozent. An obwuel et gréisser Protester gouf, huet déi aktuell an och wuel zukünfteg Regierungscheffin Sheikh Hasina d’Walen als “fräi a fair” bezeechent.

D’Diplomaten aus China, Russland an dem Nopeschland Indien waren déi éischt, déi der 76 Joer ale Politikerin zu hirer “absolutter Victoire” gratuléiert hunn.

Vun der Oppositioun gouf d’Wal viru Journalisten an der Haaptstad Dhaka als “Fälschung” bezeechent. D’Regierung wier “illegitim”, esou weider Aussoen. De Chef vun der Oppositiounspartei Bangladesh Nationalist Party (BNP) huet d’Wal aus sengem Londoner Exil eraus als “Schan fir déi demokratesch Bestriewungen am Bangladesch” bezeechent. Aktiviste sinn och mat schwaarze Bänner virum Mond duerch Dhaka gezunn an hu schonn um Dag vun der Ofstëmmung protestéiert.

Fir d’Regierungscheffin war d’Wal awer “fair a fräi”. “Déi Leit, déi Kritik übe wëllen, kënnen dëst maachen”, huet si bei hirer éischter ëffentlecher Ausso iwwert d’Victoire gesot.

Experten no etabléiert de Bangladesch awer duerch dës Walen en “Ee-Parteie-System” ouni richteg Oppositioun. Just d’Alliéiert vun der Awami-League hätten d’Méiglechkeet gehat, sech un der Ofstëmmung ze bedeelegen, heescht et aus den USA. “Bal all d’onofhängeg Kandidaten, déi e Sëtz am Parlament gewonnen haten, gehéieren der Awami-League un”, heescht et och vun engem Politikexpert vun der Uni Oslo.

An de Méint virun de Wale waren d’Autoritéite vum südasiatesche Land massiv géint d’Oppositioun virgaangen. Der Oppositiounspartei BNP no goufen hir komplett Parteispëtzt esou wéi 25.000 weider Politiker festgeholl. Zéngdausende sinn ënnergedaucht. D’Regierung huet d’Zuel vun den Oppositionellen, déi festgeholl goufen, op 11.000 chiffréiert. Virdrun hat et eng grouss Demonstratioun géint d’Regierungscheffin Hasina ginn.

D’Land mat ronn 170 Milliounen Awunner huet an der Regierungszäit vun der Hasina, déi zanter 2009 um Pouvoir ass, e grousse Wirtschaftswuesstem erlieft, dat wéinst dem Export vum Textil. Ma d’Regierungscheffin ass héich ëmstridden. Dat net nëmmen, well hir Regierung d’Mënscherechter net respektéiert.

Back to Top
CIM LOGO