
Wéi d’Senderen CNN an NBC mellen, goufen de Rob Reiner a seng Fra Michele Reiner dout an hirem Haus am Promi-Staddeel Brentwood fonnt. D’Police vu Los Angeles huet e Sonndeg op enger Pressekonferenz matgedeelt, dass d’Identitéit vun den Doudegen nach net ëffentlech confirméiert géife ginn. Verdächteger géifen an deem Fall nach net befrot ginn.
NBC hat kuerz virdrun gemellt, dass eng Mordkommissioun vun der Police d’Ermëttlungen iwwerholl hätt. Wéi et vu verschiddenen US-Medien heescht, soll allerdéngs de Bouf Nick Reiner verdächtegt ginn, d’Koppel erstach ze hunn. NBC huet dann och méi spéit gemellt, dass ee bei de Läiche Stéchverletzunge fonnt hätt.

De Rob Reiner gouf an de 70er Joren duerch seng Roll an der Serie “All in the Family” bekannt, ufanks also als Schauspiller. 1984 huet hien da säin éischte Film als Regisseur gedréit, “This Is Spinal Tap”. Engem internationale Public ass de Reiner dunn awer virun allem an den 80er Joren mat Filmer wéi “When Harry met Sally”, “Stand By Me” oder “Misery” bekannt.