USARepresentantenhaus a Senat gi gréng Luucht, fir Epstein-Akten ze verëffentlechen

RTL Lëtzebuerg
An der Affär ëm de Sexualstroftäter Jeffrey Epstein ware sech d'Republikaner an d'Demokraten am Senat a Representantenhaus zimmlech eens.
© Photo by Bryan Dozier / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Well schonn e puer Stonnen, nodeem d’Representantenhaus gréng Luucht fir d’Publizéiere vun den Akten ëm den Jeffrey Epstein ginn huet, war och d’Ofstëmmung am Senat unanime, fir dës Akte fräizeginn. Am Representantenhaus dogéint hat just eng Persoun géint dës Propos gestëmmt.

Den US-President Donald Trump hat jo méintelaang probéiert, dëse Vott ze evitéieren. De leschten Donneschdeg hat hien awer wéinst dem groussen Drock seng Meenung geännert an huet de Republikaner am Senat an am Representantenhaus virgeschloen, dofir ze stëmmen.

Am Representantenhaus hate 427 Leit “Yes” gesot. Just ee Republikaner aus dem Süde vu Louisiana war dogéint. All seng Kolleegen hunn nom Vott mat Applaus reagéiert. Kuerz drop louch den Dossier am Senat an och hei ware sech d’Vertrieder all eens, datt den Dossier soll publizéiert ginn.

Ëmfroen no ënnerstëtzt eng Majoritéit vun den US-Bierger, datt dës Akte solle publizéiert ginn. De Vott gëllt als Succès fir d’Affer vum Epstein. Eng Rei Frae wéi och Familljemembere vun de Mëssbrauchsaffer haten d’Politiker kuerz virun der Ofstëmmung an enger emotionaler Pressekonferenz virum Kapitol opgeruff, vollstänneg Transparenz z’erméiglechen.

Déi sexuell Iwwergrëff vum Epstein dierften net parteipolitesch mëssbraucht ginn, sot d’Jean-Lisa Jones, déi eegenen Aussoen no als Teenagerin vum Epstein mëssbraucht gi war. Si huet den US-President opgeruff, “richteg Féierungsqualitéiten” ze beweisen an d’Gesetz mat senger Ënnerschrëft a Kraaft ze setzen.

Well genau do wäert d’Gesetz no de Votten am Kongress, also dem Representantenhaus an dem Senat elo landen. US-Medien no kéint den Dossier zanter en Dënschdeg den Owend Lokalzäit schonn um Büro vum Donald Trump leien. Dësen hat jo schonn ugedeit, datt hien d’Gesetz géif ënnerschreiwen.

Kuerz virum Vott hat den 79 Joer ale President eng weider Kéier betount, datt hien “näischt mam Jeffrey Epstein ze dinn hat”. Déi lescht Woch haten demokratesch Representanten awer eng E-Mail vum verurteelte Sexualstroftäter publizéiert, déi den Trump belaascht hunn an ugedeit hunn, datt hie vun der Affär wosst. Den Ermëttler no soll den Epstein bis zu sengem Doud an engem Prisong zu New York am Joer 2019 jorelaang Meedercher a jonk Fraen mëssbraucht a se u prominent Persoune weidervermëttelt hunn.

De President nennt d’Epstein-Affär jo zanter Méint e “Schwindel” vun der demokratescher Partei, déi vu senge Succèsen oflenke soll. Den Donald Trump hat zu New York an och als Noper zu Palm Beach a Florida vun den 1990er Joren ëmmer nees mam Epstein ze dinn. Videoen a Fotoe deiten eng Frëndschaft tëscht den zwee Männer un. Bis ewell konnt dem President awer kee perséinlecht Feelverhalen nogewise ginn.

Dee Gesetz-Entworf, deen elo ugeholl gouf, gesäit vir, datt d’Justizministesch Pam Bondi net méi spéit wéi 30 Deeg no der Ënnerschrëft “all d’Opzeechnungen, Dokumenter, Matdeelungen an Ermëttlungsmaterialien, déi net als geheim aklasséiert sinn” am Fall Epstein verëffentlecht. Dat gëllt och fir d’Ënnerlage vum FBI a vun de Parqueten, déi ermëttelt hunn.

Eraushuelen dierf d’Pam Bondi awer déi Materialer, déi “eng aktiv Enquête oder lafend Ënnersichunge géifen a Gefor bréngen.” Net méi spéit wéi de leschte Freideg hat den US-President decidéiert, an der Affär Ermëttlunge géint de fréiere President Bill Clinton an deem säi fréiere Finanzminister Larry Summers opzehuelen. De Summers hat doropshin annoncéiert, sech aus dem ëffentleche Liewen zeréckzezéien.

Kritiker fäerten elo, datt dem Trump seng Regierung mat der Argumentatioun, datt et aktuell Enquête ginn, och nach aner brisant Akte zeréckhale kéint.

Back to Top
CIM LOGO