
Wann den amerikanesche Präsident Joe Biden duerch den Debat mat sengem republikaneschen Erausfuerderer Donald Trump de Leit beweise wollt, dass hie geeschteg a kierperlech fit genuch ass, fir nach 4 weider Joren Präsident ze sinn, dann ass dat zolidd schifgaangen.
Déi meescht Commentateuren, souwuel Demokrate wéi Republikaner an och Independanten, ware sech direkt nom Debat eens, dass d’Demokratesch Partei mam Joe Biden als Kandidat e Problem huet.
An dat net esouvill wéinst der Substanz, mee wéinst der Aart a Weis, wéi hien opgetrueden ass. Hien huet al gewierkt, huet vill gehemst, hat streckeweis bal keng Stëmm, huet oft de Fuedem verluer, a schéngt heiansdo net gewosst ze hunn, wou en dru war.
Den Donald Trump hat dee Problem net. Physesch war hien op der Héicht, an obwuel hie mat 78 Joer nëmmen 3 Joer méi jonk ass wéi den Joe Biden, sou ass engem deen Altersënnerscheed awer wesentlech méi grouss virkomm. Beim Donald Trump ass ee jo och gewinnt, dass en net koherent schwätzt, dass en e ganz limitéierte Vokabulär huet, an dass e litt.
Wärend den 90 Minutten, déi d’Live-Debatte gedauert huet, hunn déi zwee Froe gestallt kritt iwwert Sujeten, déi kaum iwwerrascht hunn, vun der ekonomescher Situatioun an der illegaler Immigratioun, iwwert den Avortement an d’Kricher am Gaza an an der Ukrain, bis hin zu der Gesondheetsversuergung an dem Alter vun den zwee Kandidaten.
Den Joe Biden huet eenegermoosse probéiert, op d’Froen ze äntweren, wärend den Donald Trump haaptsächlech seng eege Riede gehalen huet, egal wat d’Fro war. Ënnerbrieche konnten déi zwee sech iwweregens net, well de Mikro vun deem, deen d’Wuert grad net hat, ausgeschalt war.
Mä dat ganzt ass schliisslech awer an en net ganz würdevollt “Geplänkel” degeneréiert. “Loser”, “Sucker”, Kriminellen oder Topert - Jiddereen huet dem anere virgeworf, dee schlechtste Präsident an der Geschicht vun den USA gewiescht ze sinn, déi zwee hu sech géigesäiteg Ligener vernannt, an zum Schluss hu se gestridden, wien am beschte Golf kéint spillen.
D’Conclusioun vu ville Commentateuren nom Spektakel war, dass d’Demokrate kënnen d’Wale géint den Donald Trump gewannen, awer net mat engem Kandidat wéi dem Joe Biden.