Skydiver iwwerlieftReserv-Fallschierm verfänkt sech op 4.600 Meter Héicht um Fliger

AFP
Well säi Reserv-Fallschierm beim Eraussprangen aus dem Fliger opgeet a sech verfänkt, huet en australesche Skydiver dausende Meter iwwert der Äerd getierkelt.
Weil sich sein Reservefallschirm beim Aussteigen aus dem Flugzeug geöffnet und am Heck verfangen hat, hat ein australischer Fallschirmspringer tausende Meter über der Erde gebaumelt.
Weil sich sein Reservefallschirm beim Aussteigen aus dem Flugzeug geöffnet und am Heck verfangen hat, hat ein australischer Fallschirmspringer tausende Meter über der Erde gebaumelt.
© AUSTRALIAN TRANSPORT SAFETY BUREAU/AFP

Et sinn Zeenen, bei deenen engem den Otem stoe bleift. Op 4.600 Meter Héicht hat ee Skydiver Problemer, wéi en aus dem Fliger sprange wollt. Säi Reserv-Fallschierm ass vum selwen opgaangen an huet sech verfaangen. Geschitt ass dat Ganzt schonn am September wärend engem geplangte Gruppe-Stunt südlech vu Cairns, ma ass elo réischt, no Ermëttlunge vun der australescher Fluchopsicht, ëffentlech gemaach ginn.

Geplangt war eng Fluchformatioun ënner 16 Skydiver, ma wéi den éischte Participant aus dem Fliger sprange wollt, koum et zum Ongléck. E Kameramann, deen d’Aktioun filme sollt, huet de Moment festgehalen. De Grëff vum Reserv-Fallschierm ass un der Landeklapp vum Fliger hänke bliwwen an ass doropshin opgaangen. De Mann gëtt no hanne gezunn, seng Been schloe kuerz widdert de Fliger an den orange Fallschierm verwéckelt sech, sou dass de Mann hänke bleift. Och de Kameramann ass matgerappt ginn, dee sech zu deem Moment un der Säit vun der Maschinn ugehalen hat an och ofsprange wollt.

Méi Detailer zu den Nimm, dem Alter oder dem Geschlecht vun de Skydiver hunn d’Autoritéite keng weiderginn.

Am Video ass och ze gesinn, wéi de Mann, dee festhoung, an d’Täsch gräift an e Messer raushëlt. Séier schneit hien d’Seeler vum Fallschierm duerch, krut sech deemno selwer befreit a konnt doropshin säi reguläre Schierm ausléisen. Um Enn ass hie sécher um Buedem gelant.

Esou ee speziellt Messer wier enorm wichteg, wann och net obligatoresch, betount de Chef vun der Verkéierssécherheet. Beim Virfall ass dem Sykdiver zum Gléck näischt geschitt, ma de Fliger wier “eminent beschiedegt” ginn. De Pilot hätt net méi déi voll Kontroll gehat an huet en Noutruff ofgesat, ma och hie konnt zum Schluss sécher landen.

Back to Top
CIM LOGO