
Honnertdausende Mënsche si vun dësem deelweise Lockdown betraff. Vun en Donneschdeg u ginn do och erëm d’Schoulen an d’Crèchen zou.
De Robert Koch-Institut huet confirméiert, dass déi confirméiert Fäll an Däitschland ëm 587 op 191.449 geklomme sinn. Bannent engem Dag sinn 19 Doudesfäll dobäikomm.
Nom grousse Corona-Ausbroch an der Géigend vu Gütersloh huet Éisträich eng partiell Reeswarnungfir Nordrhein-Westfalen erausginn. D’Situatioun hätt gewisen, wéi séier et zu enger weiderer dramatescher Situatioun komme kéint, sot de Kanzler Sebastian Kurz. An Éisträich selwer komme wéinst den niddregen Infektiounszuelen am eegene Land weider Deconfinementsmesuren ënnert anerem an der Horesca a fir grouss Evenementer.
Vum 1. August un sollen nees Spectateuren an de Futtballstadionen erlaabt sinn. An enger éischter Phas géife bis zu 1.250 Leit eragelooss ginn. Vum 1. September un bis zu 10.000 Leit.
An Däitschland hu sech d’lescht Woch pro Dag ronn 600 Mënschen an der Moyenne mam Virus ugestach. E Wäert deen dem Robert-Koch-Institut awer nach ëmmer akzeptabel wär, sou de President Lothar Wieler.
De bekannte Virolog Christian Drosten ass manner optimistesch. An engem Mount wär d’Situatioun eventuell net méi esou entspaant ewéi den Ament, warnt hien am aktuellen Epidsod vum NDR-Podcast. Eng zweet Well kéint kommen, wann d’Bevëlkerung net nees besser oppasse géif, esou de Christian Drosten.
Och a Portugal ginn et an der Regioun ronderëm d’Haaptstad Lissabon erëm nei Confinementsmoossnamen, well d’Zuel vun de Corona-Fäll, déi nogewise ginn, nees klëmmt. Rassemblementer mat méi wéi 10 Leit, sinn dofir erëm verbueden. Caféen a Geschäfter mussen um 20 Auer zoumaachen an et däerf keen Alkohol an der Ëffentlechkeet gedronk ginn. Dës Moossnamen huet de Regierungschef Antonio Costa en Dënschdeg bekannt gemaach.
Iwwerdeems ass d’Zuel vu Leit, déi un de Suitte vun enger Covid-Infektioun a Latäin- a Südamerika an an der Karibik gestuerwen sinn, op iwwer 100.000 an d’Luucht gaangen.
Ronn d’Hallschent vun allen Doudesfäll gëtt et der Noriichtenagence AFP no a Brasilien, wou bal 1,2 Millioune Leit infizéiert wieren a bal 40.000 Neiinfektioune bannent de leschte 24 Stonne gemellt goufen.
Och an den USA klammen d’Zuelen nees an och do goufen nei Rees-Aschränkungen decidéiert. New York plangt zum Beispill erëm eng Quarantän-Flicht anzeféieren, fir déi Leit, déi aus Staate mat méi héijen Infektiounszuele kommen an esou d’Zuelen an d’Luucht dreiwe kéinten. New York war mat knapp 800 Doudegen an Zéngdausenden Neiinfektioune pro Dag nach virun e puer Méint am Epizentrum vun der Pandemie.
Och aner US-Bundesstaaten notéieren an der zweeter Woch hannerteneen eng Rekordhausse bei der Zuel un neien Infektiounen. Eleng Texas huet e Méindeg iwwer 5.000 nei Fäll gemellt, de Gouverneur huet den Awunner och recommandéiert, vun elo u nees doheem ze bleiwen. Och Nevada an Arizona erlieft grad eng Hausse bei den Neiinfektiounen.
Eng zweet Well gëtt et aktuell nach an Israel, wou e puer Uertschaften elo nees zur Spärzon erkläert goufen. Déi zentral Stad El’ad, ma och eenzel Wunnquartiere solle vun e Mëttwoch u 7 Deeg laang just nach ageschränkt zougänglech sinn.
Iwwerdeems huet Australien, nieft 20 Neiinfektiounen, den éischten Doudesfall am Zesummenhang mam Covid-19 zanter engem Mount gemellt.
An Tokio si fir eng éischte Kéier zanter Wochen nees iwwer 50 Neiinfektioune bannent nëmmen engem Dag confirméiert ginn. Am Ganze goufe 55 Mënsche positiv op de Virus getest. Dat ass déi héchsten Zuel zanter dem 5. Mee, den Noutstand gouf viru Kuerzem eréischt opgehuewen. Zanterhier klammen d’Zuelen nees an d’Suerg virun enger zweeter Well wuessen.