Rheinland-PfalzRetarde bei Transmissioun vu Corona-Tester, ënnert anerem zu Tréier

RTL Lëtzebuerg
Schonn a Bayern gouf et an der Lescht gréisser Retarden, dat bei Leit, déi aus enger Vakanz erëmkomm sinn.

A Rheinland-Pfalz gouf et Retarde bei der Transmissioun vu Corona-Test-Resultater. Et wier schwéier all déi negativ Resultater séier matzedeelen, esou den Direkter vum Tréierer Gesondheetsamt.

De Grond dofir wär, dass een alles op Pabeier géif maachen. Positiv Resultater hätt een awer direkt matgedeelt. De Problem wieren déi negativ Tester.

Schonn a Bayern gouf et an der Lescht gréisser Retarden, bei deenen eng 44.000 Leit, déi aus enger Vakanz erëmkomm sinn, deeglaang op hir Resultater gewaart hunn.

Dorënner och e puer Honnert Leit, déi sech méi spéit als infizéiert erausgestallt hunn.

Back to Top
CIM LOGO