
Bei de Wiederen mat massivem Reen an uergen Iwwerschwemmungen sinn an Norditalien den Autoritéiten no zwou Persounen ëm d’Liewe komm.
E fräiwëllege Pompjee aus der Gemeng Arnad am Aostadall ass am Asaz vun engem Bam erschloe ginn. Am Piemont ass der Noriichtenagence Ansa no e Mann a sengem Auto bei Vercelli vun de Waassermasse vum Floss Sesia mat ewech gerappt ginn.
Am Aostadall waren e puer Uertschaften no Äerdrutschen an zerstéiere Brécken zäitweis vum Verkéier opgeschnidden. An der Provënz Cuneo am Piemont goufen Tunnellen iwwerschwemmt a Stroossen hu misse gespaart ginn.
Och a Ligurien hunn iwwerschwemmte Flëss an ëmgekippte Bemm fir grousse Schued gesuergt. Vill Haushalter waren ouni Stroum. Zu Ventimiglia un der Grenz zu Frankräich sot de Buergermeeschter Gaetano Scullino: “Esou eng Katastroph huet et zanter 1958 net méi ginn.”
Tëschenzäitlech waren an Italien 22 Mënsche vermësst ginn, 21 vun hinne goufen den Autoritéiten no op der franséischer Säit vun der Grenz erëmfonnt.
Nodeems sech d’Wieder nees berouegt huet, hunn op ville Plazen d’Opraumaarbechten ugefaangen.
Frankräich: Sich geet weider
Am franséischen Departement Alpes-Maritimes gi weiderhin aacht Persoune vermësst, vun enger ganz Partie anere Persoune feelt eng Noriicht, sou de franséische Regierungschef Jean Castex. Et gëtt “eng grouss Suerg iwwert déi endgülteg Bilanz”. Honnerte Leit sinn och um Sonndeg nach op der Sich no de Vermëssten.
An der Regioun ronderëm Nizza, wou eng Partie Dierfer am Hannerland vun der Baussewelt ofgeschnidde waren, ginn Awunner mat Liewensmëttel a Waasser versuergt. Och d’Arméi gëtt als Hëllef agesat, sou de Castex.
“Mir si mat engem Ongléck konfrontéiert, wéi ech et am (Departement) Alpes-Maritimes nach net erlieft hunn”, sou de Buergermeeschter vun Nice Christian Estrosi. Ronn 100 Haiser sollen an der Regioun zerstéiert oder beschiedegt gi sinn.
De Franséische Staatschef Emmanuel Macron hat e Samschdeg iwwer Twitter de betraffene Leit säi Matgefill ausgeschwat: “Gemeinsam wäerte mir dës Bewärungsprouf packen.”