
Dat mellt “SOS Mediterranee” en Donneschdeg. No 11 Stonnen Inspektioun wär d’Schëff einfach op onbestëmmten Zäit festgesat ginn, sou deelt et d’Hëllefsorganisatioun mat. Et wär e politesch motivéiert Manöver, fir Asätz vun ziviller Séinout-Rettung ze verhënneren.
D’Italiener soen awer et wären technesch an operativ Mängel um Schëff festgestallt ginn, déi eng Gefor fir d’Sécherheet duerstellen. Et wären donieft och méi Leit mam Schëff transportéiert ginn, wéi eigentlech erlaabt wär.