
Zu Los Gigantes am Weste vun der beléifter Vakanzeninsel Teneriffa waren eng Rei Leit, trotz offizielle Warnungen, op Klippe geklotert, wou se du mat ewechgerappt goufen. Dräi Mënsche si gestuerwen an dräi weider Persoune goufe blesséiert, heescht et vun den Autoritéiten. No enger Fra gëtt weider gesicht. Bei de confirméierten Doudesaffer soll et sech ëm ee 35 Joer ale Mann an eng 55 Joer al Fra handelen. Zu der Identitéit vum drëtten Affer ass weider nach näischt bekannt.
Eng weider Fra hat, wéi et vun den Autoritéiten heescht, beim Virfall un de Klippe vu Los Gigantes een Häerzstëllstand. Si wier awer vu Secouriste gerett ginn a mam Helikopter an e Spidol bruecht ginn.
Déi spuenesch Autoritéiten hate relativ fréi virun extrem héije Welle gewarnt, déi d’Westküst vun der Insel géifen treffen. Warnungen, déi awer vu verschiddenen ignoréiert goufen. Medieberichter no waren eng Rei Leit am Waasser, déi sech aus eegener Kraaft rette konnten.
Schonn Ufank November hat et op der Kanareninsel Teneriffa een änleche Fall ginn, wou duerch riseg Wellen 15 Leit blesséiert goufen an dräi Mënschen ëm d’Liewe koumen.