Drock op Iran wiisst"Riseg Flott" ënnerwee a Richtung Golfregioun

AFP, iwwersat vun RTL
Sollten d'USA den Iran wëllen ugräifen, hätt Teheran schonn de Fanger um Ofzuch, sou déi iranesch Revolutiounsgarden.
En Deel vun der "riseger" US-Flott
En Deel vun der “riseger” US-Flott
© ZACHARY PEARSON/AFP

Den US-President Donald Trump huet den Drock op den Iran erhéicht an d’Verleeë vun enger “riseger Flott” an d’Golfregioun ugekënnegt. Vill Schëffer wieren ënnerwee, just fir de Fall, sou den Trump u Bord vun der Air Force One. Him wier léiwer, et géing näischt passéieren, mee si géifen d’Iraner genee observéieren, mat Bléck op de Regimm an deem säi brutaalt Virgoe géint d’Demonstranten.

Den US-President mat Erklärungen u Bord vun der Air Force One
Den US-President mat Erklärungen u Bord vun der Air Force One
© Foto von MANDEL NGAN / AFP

Amerikanesch Medien hate gemellt, dass de Porte-avion USS Abraham Lincoln vu senge Manöveren am südchineesesche Mier an den Noen Oste geruff gi wier. Den US-President huet d’Preparatioune confirméiert. Vläicht misste si hir Armada awer och guer net asetzen.

Virdrun hat de Kommandeur vun den iranesche Revolutiounsgarden d’USA an Israel viru falsche Kalkulatiounen a schwéiere Konsequenze fir hir Länner gewarnt. Si hätten de Fanger um Ofzuch, sou de Generol Mohammed Pakpur. Israel an d’USA sollte keng falsch Schlëss zéien aus den “historeschen Erfarungen” an aus dem 12 Deeg laange Krich leschte Juni. En anere Generol huet gewarnt, dass am Fall vun engem Ugrëff op hiert Land, amerikanesch Basen an aner Zentere mat Afloss “legitim Ziler” wieren.

Back to Top
CIM LOGO