
Dat wieren der Etüd no 10 Mol méi Infizéierter wéi bis ewell ugeholl. Offiziellen Informatiounen no ginn et ronn 230.000 Fäll a Spuenien, dës Zuel gëllt awer als net representativ, well d’Tester gréisstendeels bei Leit mat staarke Symptomer duerchgefouert goufen oder just vu Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur.
Ronn 27.000 Mënsche sinn a Spuenien um Coronavirus gestuerwen.
Enn Abrëll goufen am Kader vun enger Etüd 90.000 Persounen a 36.000 Stéit iwwerpréift. Dobäi hätt sech gewisen, dass sech scho 5% vun de ronn 47 Milliounen Awunner ugestach hätten.
Dës Test-Serie soll hëllefen, de richtegen Ausmooss vun der Corona-Pandemie a Spuenien anzeschätzen. D’Etüd geet deemno weider.
