
An der Fachzäitschrëft “Plos One” gouf eng Etüd verëffentlecht, bei där 128 Patiente matgemaach hunn. Ronn d’Hallschecht vun hinnen huet iwwer Middegkeetssymptomer geklot, obwuel hir Corona-Infektioun Wochen hier ass.
De Wëssenschaftler no géing et keng Roll spillen, ob een e schwéiere Krankheetsverlaf hat an am Spidol behandelt gouf oder net. Knapp 56% vun de Participantë waren hospitaliséiert.
Wéi et vum Liam Townsend vum Trinity College Dublin heescht, géing d’Post-Covid-Middegkeet net a Verbindung zum Krankheetsverlaf stoen. Et wier deemno net einfach, de Verlaf virauszesoen, sou nach de Fuerscher.
52% vun den 128 fréiere Covid-Patienten hunn zum Zäitpunkt vun der Ëmfro uginn, op d’mannst 6 Wochen no hirer Infektioun nach ëmmer ënner Middegkeet ze leiden. Bei villen huet dat sech esouguer iwwert en Zäitraum vun 10 Wochen oder esouguer méi laang gezunn. 42% hunn uginn, sech nees gutt ze spieren.
