
Grouss Länner ewéi Däitschland a Frankräich si géint e méi décken EU-Budget, südlech an ëstlech Memberlänner géife gär eng Hausse gesinn.
De Weekend huet den EU-Rotspresident Antonio Costa eng eege Propositioun gemaach mat der Hoffnung, séier e Kompromëss ze fannen.
Enn der Woch ass en extraordinären EU-Sommet, aberuff just fir beim Budget e Stéck virun ze kommen. D'nächst Joer riskéieren e puer Pro-Europäer net méi un der Spëtzt vun hirem Land ze stoen, als éischt denkt een do natierlech un de franséische President Macron. Mat enger Marine Le Pen dierften d'Budgetsnegociatiounen net méi einfach ginn.
Komplizéiert si se vun Ufank un. D‘EU-Kommissioun wollt de Budget däitlech hiewen. Virop Länner, déi méi abezuelen ewéi si direkt erauskréien, Däitschland zum Beispill, ware kategoresch dogéint. Déi wëll de Rotspresident Costa mat enger Kierzung iwwerzeegen. Gutt 180 Milliarden Euro manner fir um Enn op nach knapps 1,6 Billiounen fir siwe Joer ze kommen.
"Mir hunn d‘Bedenke vun de Memberstaaten nogelauschtert. Et ass net einfach eng Balance ze fannen. Mat dëser Virlag komme mir ganz no un déi aktuell national Contributiounen erun", esou den Antonio Costa.
An der Moyenne mussen d'Memberstaaten net méi 0,80 Prozent vun hirem PIB op Bréissel iwwerweisen, mä 0,82 Prozent. Eng raisonnabel Hausse fënnt de Rotspresident. Eng, déi och d'Lëtzebuerger Regierung akzeptéieren dierft. Aktuell bezillt de Grand-Duché all Joers eppes tëscht 520 a 570 Milliounen Euro an, a kritt esouguer e bëssen méi aus dem Bréisseler Dëppen eraus. Am Oktober sot de Premier Luc Frieden dat hei iwwer de pluriannuellen EU-Budget.
"An eisen Aen soll deen zukünftege Budget grosso modo an der Gréisstenuerdnung sinn vun deem vun de siwe Joer virdrun."
Wéi aner Staats- a Regierungscheffen aus Westeuropa ass och de Luc Frieden dofir, dass d‘Budgetsposten moderniséiert ginn. Méi a Wirtschaft, Innovatioun a Kompetitivitéit. Deene Fuerderungen kënnt de Rotspresident a senger Propose no: 120 Prozent méi Suen dofir ewéi am viregten Pluriannuel. Awer och 232 Prozent méi an Defense, an duebel esou vill Moyenen fir Migratioun a Grenzschutz. Wärend klassesch Beräicher ewéi Landwirtschaft mat 261 Milliarden an Kohäsioun- a Soziales mat 402 Milliarden Euro net däitlech gehéicht ginn.
Dem Costa seng Propose léisst nach genuch Plaz fir Diskussiounen um EU-Sommet Enn der Woch.