
Zwee aner Kanner goufe vun de Secouristen op der Plaz versuergt, heescht et vun der Police vun Offenburg. Ob een techneschen Defekt Schold war, oder ob de Virfall eng Strofdot war, gëtt elo ermëttelt.
Bei den Affer handelt et sech éischten Erkenntnisser no ëm de Familljepapp, eng Fra, déi Deel vun der Famill war, an dräi Kanner vun der Famill. D'Kanner wieren e Méindeg de Moien net an der Schoul opgedaucht, wouduerch d'Autoritéite bei d'Residence gefuer wieren, fir no hinnen ze sichen. Wou keen hinnen d'Dier opgemaach huet, gouf d'Police geruff.
Ee Policebeamten an een Zeie goufe liicht blesséiert, wou si d'Gas an der Wunneng ageotemt hunn. Si hu missen an engem Spidol betreit ginn. Wou d'Kriminalbeamten an enger spezieller Schutzausrüstung an d'Wunneng konnte goen, hu si déi fënnef Doudeg fonnt.