
“Wat mir also probéiert hunn - an ech denken, mir hunn dobäi e puer Fortschrëtter erreecht - ass erauszefannen, woumat d’Ukrainer liewe kéinten, dat hinne Sécherheetsgarantië fir d’Zukunft gëtt”, sot den US-Ausseminister Marco Rubio an engem en Dënschdeg publizéierten Interview mam Sender Fox News.
Den Interview huet de Rubio nëmmen e puer Stonnen nom Treffe vum US-Delegéierte Steve Witkoff mam Kreml-Chef Wladimir Putin zu Moskau zum US-Plang fir en Enn vum Krich an der Ukrain diffuséiert. Dobäi wier dem Kreml no bei der Haaptfro vun de vu Russland besate Gebidder “nach keng Kompromëssléisung” fonnt ginn. De Kreml-Beroder Juri Uschakow huet d’Berodungen zwar als “immens nëtzlech a konstruktiv” bezeechent, et wier awer nach “vill Aarbecht zu Washington a Moskau” néideg, fir en Accord z’erreechen.
De Weekend hat de Witkoff scho mam ukrainesche Vertrieder Rustem Umerow am Bundesstaat Florida iwwer den US-Plang beroden. D’Ukrain an hir europäesch Partner hate kritiséiert, datt am ursprénglechen Entworf vun den USA ze vill Maximalfuerderunge vu Russland berécksiichtegt gi wieren. Doropshi gouf eng iwwerschafft Versioun vum Plang gemaach.