
De Verdeedegungsministère zu Moskau huet e Méindeg matgedeelt, d'Wafferou géif "entspriechend enger Decisioun" vum russesche President Wladimir Putin gehale ginn, deen och Chef vun der Arméi ass.
Den 9. Mee gëtt a Russland d'Victoire vun der Sowjetunioun géint Däitschland am Zweete Weltkrich commemoréiert. Russland huet der Ukrain mat engem "massive Rakéitenugrëff" op Kiew gedreet, sollt d'Ukrain sech net un d'Wafferou halen.