Grousst ËmdenkenRussesch Autoritéite iwwerloosse Läich vum Nawalny senger Mamm

RTL Lëtzebuerg
D'Mamm vum Alexej Nawalny huet elo d'Läich vun hirem Fils kritt, dee virun iwwer enger Woch an engem russesche Prisong gestuerwen ass.
© AFP

Dat huet d’Spriecherin vum Kreml Kritiker op der Plattform X matgedeelt an och eng Spriecherin vum Nawalny huet dëst confirméiert.

Familljememberen a Sympathisante vum Alexej Nawalny hunn deeglaang gefuerdert, datt déi russesch Autoritéiten d’Läich vum Oppositiounsleader erausginn, fir hie kënnen an Dignitéit ze begruewen.

Seng Wittfra hat nach rezent an engem Onlinevideo gesot, hire Mann wier net just zu Liefzäite gefoltert ginn, mä och elo nach no sengem Doud.

Back to Top
CIM LOGO