Vertrieder vun der Europäescher Unioun, ënner hinnen 12 Ausseminister an d’Aussebeoptraagt Kaja Kallas hunn en Dënschdeg an der Ukrain den Affer vum Massaker vu Butscha geduecht. Russesch Truppen hunn am Mäerz 2022 am Duerf bei Kiew iwwer 450 Mënschen ëmbruecht. E Massaker, dat zu engem vun de Symboler vun der Onmënschlechkeet a Brutalitéit vum Krich gouf. Et gouf op en Neits betount, datt déi Verantwortlech musse viru Geriicht gestallt ginn. Datt et dozou kënnt, dofir setzt sech ënner aneren d’Mënscherechtsaktivistin Oleksandra Matviichuk an.
Déi haut 42 Joer al Aktivistin gouf d’lescht Woch ënner anerem vun der Grande-Duchesse an an der Chamber empfaangen. Schonn 2013, wärend dem Euromaidan huet si sech fir d’Rechter vun den Affer vum Opstand agesat. Wei d’Russe kuerz duerno d’Krim iwwerfall hunn, huet d’Oleksandra Matviichuk hire Kampf fir d’Mënscherechter weidergefouert. De “Center for civil liberties” huet als éischt mobil Ekippen an déi besat Territoire geschéckt, fir Krichsverbriechen ze dokumentéieren. “Haut maache mir dat zesumme mat Dosende vun Organisatiounen aus verschiddene Regiounen, déi sech an der Initiativ ‘Tribunal for Putin’ zesummegedoen hunn. Mir decken dat ganzt Land of. Och déi besate Gebidder. Zesummen hu mir bis elo iwwer 100.000 Verbriechen dokumentéiert.” Wie sech net der russescher Besatzung ënnerwerft, gëtt terroriséiert.
D’Oleksandra Matviichuk erkläert, datt et esou wäit geet, datt déi lokal Populatioun ausgeläscht gëtt. D’ukrainesch Sprooch an hir d’Kultur gi verbueden. Nieft der Folter an der Exekutioun vun Zivilisten, ass eng vun de grausaamste Methoden, fir ukrainesch Kanner vun hire Familljen ze trennen an a russesch Lager ze verschleefen, wou se indoktrinéiert ginn. “Si soen hinnen: Dir sidd keng Ukrainer. Dir sidd russesch Kanner. Är Familljen, är Elteren hunn iech opginn. Dir gitt vu russesche Familljen adoptéiert, déi iech als Russen erzéien.”
Riets geet vun 20.000 ukrainesche Kanner, déi vun de Russen deportéiert goufen.
Dës Zuel ass awer just eng Aschätzung, well déi ukrainesch Autoritéite kaum Zougang zu enger Rei Territoiren am Osten hunn. Bis elo ass et gelongen, eng 1.400 verschleeft Kanner zeréck bei hir Elteren ze bréngen. “Et ass eent vun den Haaptziler, well d’Kandheet dauert net onendlech. Dës Kanner gi geschwënn erwuessen. Hiren Zyklus gëtt méi empfindlech fir Militariséierung, fir Identitéitsverloscht an d’Installatioun vun där Eenzelgänger-Software. D’Russe preparéieren eng nei Generatioun u Putin-Zaldoten aus dësen ukrainesche Kanner.”
D’Mënscherechtsaktivistin erënnert drun, datt den Ament zwee Geriichter zoustänneg sinn. Den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag, deen ënner aneren en Haftbefeel géingt de Putin ausgestallt huet op der enger Säit an dann op der anerer Säit déi national ukrainesch Geriichter. “Et ass net just eng Persoun. Et ass e ganze System. Et ass eng systematesch a verbreet Praxis. Dofir huet sech den Internationale Strofgeriichtshaff dem Dossier ugeholl. Wa mir soen, datt de Putin dee gréisste Kannerentféierer op der Welt ass, dann ass dat net just eng Metapher. Mir kënnen eis op dës juristesch Uklo bezéien.”
En Asaz an eng Aarbecht, déi an Tëschenzäit weltwäit unerkannt ginn Mat als Héichpunkt dem Friddensnobelpräis 2022, deen d’Oleksandra Matviichuk stellvertriedend fir déi ganz Ekipp vum Center for Civil Liberties vu Kiew iwwerreecht krut.