
Bei der Explosioun vun enger Autobomm zu Moskau ass den Ermëttler no e Generol vun der russescher Arméi ëmbruecht ginn. Eng Enquête wéinst dem “Mord” um Generol Fanil Sarwarow wier ageleet ginn. Dat huet de russeschen Ermëttlungskommitee fir schwéier Strofdoten e Méindeg matgedeelt. Eng vun den ënnersichte Spuere géing op Relatiounen zu “ukrainesche Spezialunitéiten” hindeiten.
De Fanil Sarwarow wier Chef vum operativen Ausbildungsdepartement vun de russeschen Truppe gewiescht. Hie wier bei engem Attentat am Süde vu Moskau getraff ginn an “u senge Blessure gestuerwen”, heescht et weider vun de russeschen Autoritéiten.
Zanter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain goufe schonn e puer Russen duerch Sprengstoffattentater a Russland ëmbruecht. Am Abrëll ass de Generol Jaroslaw Moskalik bei enger Autoexplosioun an der Géigend vu Moskau gestuerwen. 2024 war den héichrangegen Arméivertrieder Igor Kirillow an der russescher Haaptstad bei enger Explosioun vun engem Scooter déidlech getraff ginn. Zu e puer vun den Attentater huet d’Ukrain sech bekannt.