DüsseldorfRusseschen Hacker vu Japan un Däitschland ausgeliwwert

RTL Lëtzebuerg
An Nordrhein-Westfalen ass fir d'éischte Kéier e presuméierte Member vun der russescher Hackergrupp Qilin festgeholl ginn.
De 28 Joer ale Russ war am Mee a Japan festgeholl ginn an d'lescht Woch un Däitschland ausgeliwwert ginn (Symbolbild).

© AFP

De 28 Joer ale Russ gouf am Mee a Japan festgeholl an d'lescht Woch un Däitschland ausgeliwwert.

Déi däitsch Ermëttler sollen d'Hackergrupp zënter Méint observéiert an infiltréiert hunn. Si hunn ënner anerem d'Infrastruktur vun der Grupp analyséiert a Krypto-Bezuelunge verfollegt.

D'Qilin-Grupp soll zanter 2024 weltwäit bal 4.000 Entreprisen, Administratiounen a Spideeler ugegraff hunn. Op d'mannst 30 Affer goufen an Nordrhein-Westfalen gezielt.

D'Hacker hunn hir Affer mat Ransomware erpresst an d'Donnéeë verschlësselt oder geklaut, fir duerno Suen ze fuerderen.

Den NRW-Inneminister Herbert Reul schwätzt vun engem "historeschen Erfolleg". No sengen Aussoe sollen iwwer d'Joren ëmgerechent ronn 140 Milliounen Euro bezuelt gi sinn.

Back to Top
CIM LOGO