
Op der Weltklimakonferenz COP31 zu Antalya an der Tierkei gëtt e Sonndeg de Moien iwwer eng nei Versioun vun der Ofschlosserklärung debattéiert an ofgestëmmt.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf en neien Entworf fir eng gemeinsam Ofschlosserklärung virgeluecht. Sollt dësen net vun de ronn 200 bedeelegte Staaten am Konsens ugeholl ginn, missten déi Delegatiounen, déi de Prozess blockéieren, hir Positioun iwwerdenken, sot de President vun der Weltklimakonferenz Murat Kurum. Hien huet dann och virun engem méigleche Scheitere vun de Gespréicher gewarnt.
De COP31-President huet d'Staaten dozou opgeruff, méi Beweeglechkeet ze weisen. Nëmme mat engem klore politesche Wëlle kéinten nach Fortschrëtter erreecht ginn. Dem Murat no gëtt et fir grouss Deeler vum Text schonn eng breet Ënnerstëtzung, et missten awer nach e puer kleng Punkte verhandelt ginn.
Fir Kritik suergt virun allem, datt an der aktueller Ofschlosserklärung nach ëmmer keen ausdrécklecht Bekenntnis zum Austrëtt aus de fossillen Energië Kuel, Pëtrol a Gas steet. Dat haten d'EU mat ë.a. Lëtzebuerg an eng Rei aner Staate gefuerdert. Ënnert anerem Saudi-Arabien a Russland hu sech wéinst hiren Ueleg-Reserve géint esou een Accord gewiert. Aus Kreesser vun der däitscher an der europäescher Delegatioun koum dowéinst e Sonndeg d'Ausso, datt eng Zoustëmmung aktuell net garantéiert wier.
An der aktueller Versioun vum Text soll awer elo op fréier Accorde verwise ginn, an deene schonn ee schrëttweist Erausklammen aus Pëtrol, Kuel a Gas festgehale ginn ass. D'Présidence hofft domat, ee Konsens tëscht de Länner fäerdeg ze bréngen.
Eigentlech sollten d'Verhandlungen zu Antalya an der Tierkei schonn e Freidegowend op en Enn goen. Mëttlerweil gouf d'Konferenz awer ëm méi wéi 40 Stonne verlängert, an och déi lescht Plenière ass zanter e Samschdeg schonn e puermol verréckelt ginn.