
Moskau huet d'Attack confirméiert. De Virfall war am ëstlechen Deel vum finnesche Mierbusen, an internationale Gewässer. Wéi et heescht, wier e Feier u Bord vum Cargoschëff ausgebrach. Den Equipage konnt sech mat Rettungsbooter a Sécherheet bréngen.
E Spriecher vun de finnesche Forces de l'ordre sot vis-à-vis vun der Agence Reuters, datt warscheinlech d'Ukrain fir den Ugrëff responsabel war.
Helsinki huet am Nomëtteg weider gemellt, datt e russeschen Helikopter an de finnesche Loftraum era geflunn ass. Dat kéint am Zesummenhank mam grad genannte Virfall stoen.