
An enger Nott, déi vu Moskau un auslännesch Ambassaden zu Kiew erausgaangen ass, gëtt viru méigleche Géigeschléi gewarnt, sollt d'Ukrain d'Commemoratiounsfeierlechkeete fir d'Enn vum Zweete Weltkrich den 9. Mee an der russescher Haaptstad stéieren.
Dowéinst soll sämtlecht Personal vun allen auslänneschen Ambassaden "zäitno" déi ukrainesch Haaptstad verloossen, esou de russeschen Ausseministère. Och d'Bierger vu Kiew sinn dozou opgeruff.
Russland hat ugangs der Woch matgedeelt, tëscht dem 8. an dem 9. Mee d'Waffe rouen ze loossen am Konflikt mat der Ukrain. En Donneschdeg koum dann och d'Confirmatioun, datt de Kreml eng Wafferou vun e Freideg ëm Mëtternuecht Moskauer Zäit, also 23 Auer en Donneschdeg eiser Zäit, un fir zwee Deeg géif ausruffen. De Spriecher vum Kreml Dimitri Peskow huet matgedeelt, datt dës Wafferou effektiv fir den 8. an 9. Mee a Kraaft ass.