
Moskau huet Caracas seng “onageschränkt” Ënnerstëtzung zougeséchert am Konflikt mat den USA, deen ëmmer méi u Spannungen zouhëlt. Dëst hunn d’Ausseministere Sergej Lawrow a Yvan Gil no engem gemeinsamen Telefonat matgedeelt. D’Ministeren hu sech déif besuergt gewise wéinst der Eskalatioun vun den Handlunge vu Washington an der Karibik, déi wäitreechend Suitte fir d’Regioun an den internationale Schëffsverkéier kéinten hunn, sou de russeschen Ausseministère.
Moskau seet sech solidaresch mat der venezuelanescher Regierung an der Bevëlkerung an der aktueller Situatioun. D’Ministeren hätte festgehalen, hir bilateral Zesummenaarbecht ze poursuivéieren an hiert Handelen op internationaler Bün, besonnesch bei der UNO, ze koordinéieren, fir déi staatlech Souveränitéit ze uechten. Ausserdeem soll séchergestallt ginn, datt kee sech an national Ugeleeënheeten amësche kann.
En Dënschdeg beréit de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen an enger Drénglechkeetssëtzung iwwer d’Tensiounen tëscht de Vereenegte Staaten a Venezuela. D’Regierung zu Caracas hat d’Sëtzung mat der Ënnerstëtzung vu Russland a China gefuerdert. Zanter September gräife Schëffer vun der US-Arméi Booter an der Karibik un, déi verdächtegt ginn, an den Drogenhandel involvéiert ze sinn. Dobäi si bis ewell méi wéi 100 Persoune gestuerwen. Den US-President Trump beschëllegt de lénksnationalistesche President Nicolas Maduro, hie géif Drogebanden ënnerstëtzen a kontrolléieren, a geziilt géint d’Vereenegt Staaten asetzen. De Maduro sengersäits ass en treien Alliéierte vum russesche President Wladimir Putin, an huet vun Ufank un déi russesch Offensiv an der Ukrain ënnerstëtzt.