Bei rezenten AttackenRussland soll Rakéiten aus Nordkorea agesat hunn

RTL Lëtzebuerg
Russland soll bei senge jéngsten Attacken um 30. Dezember an um 2. Januar op d'Ukrain nordkoreanesch Rakéiten a Rakéitewerfer agesat hunn.
© VLADIMIR SMIRNOV / POOL / AFP

Dat sot de Spriecher vum amerikanesche Sécherheetsrot John Kirby en Donneschdeg am Wäissen Haus. Hien huet vun enger beonrouegender Eskalatioun am Ukrainkrich geschwat.

D’USA an hir Alliéiert wéilten d’Ugeleeënheet am UN-Sécherheetsrot op den Dësch bréngen, sou de Kirby. Déi nordkoreanesch Waffeliwwerunge géifen eng Verletzung vun UN-Sanktiounen duerstellen. Eng nordkoreanesch Rakéit wier den 30. Dezember an der Regioun Saporischschja ageschloen. Den 2. Januar hätte russesch Eenheeten eng ganz Partie Rakéiten aus nordkoreanescher Produktioun lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO