
Den Ëmsaz ass am Verglach zum Joer virdru bei Ryanair ëm 95% op 125 Milliounen Euro agebrach. Fir d’Bëllegfluchgesellschaft aus Irland war d’Zäit tëscht Abrëll a Juni dat schwéierste Quartal an der 35 Joer laanger Geschicht vun der Firma, esou de Chef Michael O’Leary. An dëser Zäit ass d’Passagéierzuel op 500.000 Persoune gefall. 2019 waren et der an dëser Zäit 42 Milliounen. Eng Perte vun 185 Milliounen Euro ass sou entstanen. Den Ëmsaz ass op 125 Millioune gefall. 2019 louch een hei nach op 2,3 Milliarden.
E wéineg hätt sech de Fluchbetrib nees erholl, ma et wier een nach wäit ewech vun der Normalitéit. Dobäi kënnt, dass een natierlech och eng 2. Well fäert an net virausgesäit, wéi staark dësen Impakt gëtt.
Wéinst de schlechten Aussiichten huet Ryanair dann och scho missten 3.000 Aarbechtsplaze sträichen. Ënnert anerem och de Fluchhafen Hunsrück-Airport Hahn ass hei betraff, Ryanair wäert sech vu November un hei zeréckzéien.