Awer keen "Haassverbriechen"Sans-abri festgeholl, dee Mann zu München soll verbrannt hunn

RTL Lëtzebuerg
Nodeems viru ronn 3 Wochen e Sans-abri ënnert enger Bréck zu München verbrannt ass, huet d'Police elo e Verdächtege festgeholl.
Den
Den
© Andrea Ronchini / NurPhoto via AFP

De 56 Joer alen Ungar, dee lo wéinst Mordverdacht festgeholl gouf, ass selwer Sans-abri. Hien hat uginn als Éischten op der Plaz gewiescht ze sinn, fir dem 78 Joer ale Mann ze hëllefen, deen dout a brennend am Englesche Gaart zu Münche fonnt gouf.

Ufanks hat d’Police gefaart, datt et en “Haassverbriechen zum Nodeel vun Obdachlosen” hätt kéinte sinn. Am Kader vun den Ermëttlungen huet sech allerdéngs de Verdacht vun der Police ëmmer méi verhäert. Ënnert anerem och well de Verdächtege widderspréchlech Aussoe gemaach hat. Donieft goufe Géigestänn aus dem Besëtz vum Doudegen op der Plaz vum Ungar fonnt, wéi et vun der Police heescht.

Op Opname vu Videokameraen an der Géigend ronderëm den Englesche Gaart wier och de 56 Joer Alen ze gesi gewiescht. Zesumme mat de Géigestänn, dorënner eng Lupp, eng Zang an en Tournevis souwéi de widderspréchlechen Aussoen hätt sech “no dräi Wochen e Gesamtbild” gezeechent, dat dozou gefouert huet, datt de Mann wéinst Mordverdacht festgeholl gouf. D’Affer wier duerch “massiv stomp Gewalt op den Uewerkierper” gestuerwen. Beim Verdächtege wieren “divers Himmer” fonnt ginn. Ob dorënner och d’Waff, mat där op den 78 Joer ale Sans-abri ageschloe gouf, konnt d’Police net soen.

De Verdächtegen huet sech bis ewell net zu de Reprochë geäussert.

Back to Top
CIM LOGO