Police geet vun engem Verbriechen ausSans-abri zu München ënner enger Foussgängerbréck verbrannt

RTL Lëtzebuerg
Passanten haten en Donneschdegowend ënner enger Foussgängerbréck an der Géigend vum Englesche Gaart zu München e brennende Mann gesinn.
Sans-abri (Symbolbild)
Sans-abri (Symbolbild)
© WOLFRAM STEINBERG DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi däitsch Medie mellen, wier doropshin d’Police alarméiert ginn.

Wéi et vun der Police heescht, hätten eng Partie Leit géint 22 Auer en Donneschdeg den Owend nach versicht, de Mann ze läschen. D’Hëllef koum allerdéngs ze spéit, den Noutdokter konnt op der Plaz nëmmen nach den Doud vum Affer feststellen.

D’Enquêteure konnten de Mann als éischt net identifizéieren. Dat well dëse keng Pabeiere bei sech hat a seng Blessuren esou uerg waren, dass een op der Plaz keng Identifikatioun maache konnt. Et gouf eng Obduktioun ordonéiert.

Am Kader vun der rechtsmedezinescher Ënnersichung huet sech erausgestallt, dass de Mann wuel duerch Friemawierkung gestuerwen ass. Ëm wéi eng Zort vun Awierkung et sech genee handele kéint, wëll d’Police mat Verweis op déi lafend Ermëttlungen net soen. E Freideg de Moie wier der Police no dann och d’Plaz ënnert der Bréck, wou de Mann entdeckt gouf, méi genee ënnersicht ginn. Dobäi wieren eng Partie relevant Géigestänn fonnt ginn. Weider Detailer goufen och hei net genannt.

D’Enquêteure ginn dovun aus, dass et sech beim Mann ëm e Sans-abri handelt.

Back to Top
CIM LOGO